Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch a.s.b.l.

Politesch, reliéis, a philosophesch neutral - Gegrënnt 1971

Eng Vereenegung fir eiser Sprooch op all verstänneg Fassong ze hëllefen, an hir iwwerall do déi Rechter ze verschafen, déi si zegutt huet

Aus der Extra-Serie 17 "Eis Virnimm" (1995) vum Marcel Lamy an erausgi vun der Actioun Lëtzebuergesch: Eis Virnimm? (Lex Roth); Virwuert

Eis Virnimm

Ab, Abbes, Abbim. V. Dim. fir Albert
Abelchenw. V. Dim. fir Appolonia
Adamm. V. Adem, Ädem, Ämes, Eedem, Eidem(chen)‚ Uedem
Addel(l), Adèlew. V. Var. fir Adelheid, Adelaïde
Addi, Addom. V. Dim. fir Adolf, Adolph(e)
Adelheid, Adélaïdew. V. Addéi, Addeli, Addell, Addi, Adela, Adele, Adèle, Adeline, Ado, Alida
Adolf, Adolph(e)m. V. Adlëf, Adlof, Addi, Addo, Alf, Däff(chen). Dall, Dolf, Dëll, Danni, Adollef
Adolfin(e)w. V. Dolfin, Fina, Finn(t)chen, Funn(i), och Addi, Addeli, Delphine
Agatha, Agathew. V. Agatt, Agätt, Getchen, Getti
Agättw. V. Agatha(-e) och Gättchen. Gätti, Gätt(es)‚ Jätti
Agnèsw. V. Agnis, Addis, Néis, Inès
Aimé(é)m. V. + w. V. Ä(ä)mi
Alainm. V. och All(i)
Albertm. V. och Albär(chen), Abbes, Abbi, Äbbes, Ab. Ali, Bert, Berti
Alexm.v. Alexander
w. V. Alexandra
Alexander, Alexism. V. Alex, Lex(i) och Sander
Alexandraw. V. och Sandra. Sandy oder Alix
Alfred, Alfrèdem. V. Freed(chen), Freddi, Fridchen, och Alf, Ali
Alfons, Alphonsem. V. och Fons, Fooss, Föss, Fëss
All(i)m. V. Aloyse, Aloysius, Alain, Albert
Aline, Allinw. V. och Alli, Lina, Linn(chen)
Alice, Alissw. V. Var. fir Elisabeth, Kuerz Liss
Alixw. V. Kuerzform fir Alexandra
Alluism. V. Aloyse, Aloysius och Lois oder All(i)
Alois, Aloysem. V. Alwiss och Aili, Lui, Winnes, Wunnes, Wiss, Witz
Amalia, Amalie, Améliew. V. Ammel, Ammeli, Ämmel, Ämmelchen, Maalchen och Alma, Amy, Emy, Mäli, Meeli, Mëll(i)
Ambrosiaw. V. Bros, Brosi, Brosia, Brous, Brousi
Ambrosiusm. V. Ambros, Ambrous, Bros, Brous
Amméiw. V. Annemarie
Ammel, Ammeliw. V. Amalia, Amalie, Amélie
An, Anna, Annew. V. Ann, Annachen‚ Annchen, Anni(e), Änn, Ännchen, Änni, Änneli, Anéi, Annett(e)‚ Annettchen. Annetti, Nann(chen), Nanni, Nannett(e) och Anita, Annick, Anouk, Nanon oder Nan(n)y
Anegréit, Anegrittw. V. Anna-Margareta
Anekättw. V. Anna-Katarina
Aneléis, Anelis(s)w. V. Anna-Elisabeth, Anneliese
Annemärri, Anemrei, Amrei, Amméi, Anemräch, Amräch, Amechw. V. Anna-Maria, Anne-Marie, Marie-Anne, Marianne
Andreas, Andrém. V. Änder(chen), Ändréi, Ändres och Andi oder Andri(-y)
Andrea, Andréew. V. Änder
Angela, Angelika, Angèle, Angéliquew. V. och Anjel, Anjeléi, Anjelek, Ansch, Ängel, Ängelchen, Anjel, Engel, Jelina
Anitaw. V. Var. fir An, Anna, Anne
Anjel, Anjelek, Anjeliw. V. Var. fir Angela, Angelika, Angélique
Annaw. V. An, Anne
Anschw. V. Var. fir Angela, Angelika, Angélique
Antoinettew. V. Antonia, Antenett(e), Man(n)ette, Nett(i), Nettchen
Antonm. V. och Antoun(i), Antun, Ton(i), Toonchen, Toun(i), Tounchen, Téinchen, Tunn(i), Tunnchen, Tinn(i), Tinnchen, Tinnes, Tonnes, Tounes, Tunnes
Antoniaw. V. och Antenett(e), Antoinette, Mannette, Nett(chen)‚ Nett(i), Tunn(i)
Apelw. V. Var. fir Appolonia
Aplouni, Aplunniw. V. Var. fir Appolonia
Appolonia(-e)w. V. Abel(chen)‚ Apel, Appel, Äppel, Aplouni, Aplunni, Apolunni, Appoloni, Appelin(e), Äppolin‚ Bloni‚ Ploni, Plouni, Plunn, Plunnisch, Poli, Polin, Pollin och Linn, Loni, Louni
Appelin(e)w. V. Var. fir Appolonia
Arnoldm. V. och Anno, Arend, Arni, Arno, Ärni, Noldi, Noll oder Erni
Arthurm. V. Artes, Att(chen), Attes och Dürri, Turi
Att(chen), Attesm. V. Var. fir Arthur
Audelw. V. Var. fir Ottilie och Oudel, Uddel
August(e)m. V. och Gust(i), Esti
Augustaw. V. och Gusta, Gustchen, Gusti
Augustinm. V. och Stinn, Stinnes, Stinni
Ä(ä)mim. V. + w. V. Var. fir Aimé(e)
Äänjel, Eenjelw. V. Dim. fir Angela, Angelika, Angélique
Äbbesm. V. Var. fir Albert
Ädem, Edemm. V. Var. fir Adam
Ägidiusm. V. och Ejid, Jiddi, Giddi, Jilles, Dilles, Gilles
Ämesm. V. Var. fir Adam
Ämmelw. V. Var. fir Amalia, Amalie, Amelie och Meli
Änder, Ändich, Ändréi, Ändrim. V. Var. fir Andreas, André
Änderw. V. Var. fir Andrea, Andrée
Ängel(chen)w. V. Dim. fir Angela, Angélique, Angelika
Änjelw. V. Var. fir Angela, Angelika, Angélique
Änn(chen), Anniw. V. Dim. fir An, Anna, Anne
Äppelw. V. Var. fir Appolonia
Baart(e)l(e)méis, (-mës)m. V. Bartholomäus
Babett, Babel, Babeléiw. V. Barbara
Baldim. V. Var. fir Balthasar
Balthasarm. V. och Baldi, Baltes, Balts, Bälti
Baltesm. V. Var. fir Balthasar
Bampesm. V. Johann-Peter, Jean-Pierre
Baptist(e)m. V. Johann-Baptist, Jean-Baptiste och Battis(chen), Batt(e)s, Batt(chen), Batt(i), Bättchen, Béitchen
Barbaraw. V. och Barb, Bäärbel(chen), Bäärbeli, Bierbel(chen)‚ Bierbeli, Babel(chen), Babeli, Bebel(chen), Babbett(chen), Bab(i), Beb(i), Beeb(chen), Bäbb(chen), Bäbbi
Bartholomäusm. V. Baart(e)l(e)méis, (-mës). och Bartel, Boartel
Bastianm. V. och Basch(t)‚ Baschtjen, Baschtian, Baast, Bast, Basti, Bäschtjen, Bästjen, Banes, Bani
Batt, Batti(s) Batte(s)m. V. Baptist(e)
Baudouinm. V. och Bodi, Bodo
Bäärbelw. V. Barbara
Bäärtesm. V. Hubert och Bert
Bäb, Bäbb, Beebim. V. Var. fir Barbara
Bärendm. V. Bernhard och Benes
Béatricew. V. och Béa, Trix, Trixi
Bebi, Beeb, Beebchenw. V. Var. fir Barbara
Benediktm. V. Benes, Benn och Dikt. Dickes
Benesm. V. Kuerzform fir Bernhard a Benedikt
Benn, Benni, Bennom. V. Var. fir Bernhard
Bernam. V. Bernhard och Bärend, Benes, Benn(i), Benno, Bernar, Naardchen, Nardi
Bert, Bertesm. V. Var. fir Hubert
Bertchenm. V. Dim. fir Robert
Berthaw. V. och Berta, Berth, Berthi(chen)
Berthemesm. V. Bartholomäus
Betti, Bettyw. V. Var. fir Elisabeth
Bierbelw. V. Var. fir Barbara
Bierendm. V. Var. fir Bernhard
Billm. V. Var. fir Wilhelm, Guillaume
Bodi, Bodom. V. Kuerzform fir Baudouin
Blasiusm. V. och B1asi, Bläs, Bleess, Blieschen
Bläs, Bleesm. V. Var. fir Blasius
Bleesm. V. Var. fir Blasius
Blieschenm. V. Dim. fir Blasius
Bob(es), Bobb(es), Bobbi, Bobbom. V. Var. fir Robert
Binniw. V. Kuerzform fir Sabine
Bounefazm. V. Var. fir Bonifazius och Bonni
Brigittew. V. och Britta, Gitta, Gittchen, Gigitt
Brod(d)i, Brondes, Brondi, Bruesm. V. Var. fir Willibrord
Brosm. V. Ambrosius och Bros, Brosi, Brous(i)
Bruesm. V. lok. Var. fir Willibrord, Brod(d)i, och Brondes, Brondi
Camillem. V. Kamill och Kamm(i), Kammes, Mill
w. V. Camilla, Kamilla, Milli
Caroline, Carole, Carelw. V. Karolin(e), Karlin, Kräll, Krëlin och Linn
Catherinew. V. Katharina, Katisch, Katräin, Katréng, Katrin(chen)‚ Katring. Katt(i). Kätt(i), Ketti(-y) och Karin, Trinn(y)
Cäciliaw. V. Zëssil, Lilli
Cecilew. V. och Cilli(-y)
Célestinm. V. och Zelestin, Zelin. Zëll(i), Zëlles, Zëllchen och Esti
Célestinew. V. och Zelestine. Zeline, Zëll(i)
Célinem. V. och Zeline, Zell(i)
Charelm. V. Charles och Carl, Charlie, Charly, Karl oder Karel
Charlottew. V. och Lott(i), Lottchen, Lollo, Lolli
Chrëschtm. V. Var. fir Christophe, Christian
Chrëscht(el)w. V. Var. fir Christine, Christiane
Christianm. V. och Chrës(ch)t, Chrëstes, Chrëschtjan
Christianew. V. och Chrës(ch)t(el)
Christinew. V. och Chrës(ch)t(el) oder Kitty
Christophem. V. och Chrës(ch)t‚ Staffel(chen)
Clairew. V. Klär(chen), Klara
ClaudeClodes, Klautjen
Clemencew. V. Clementia, Kléimi oder Klëm(i)
Clement, Klemang, Kléimangm. V. Clemens, Klamantes, Klemantes, Kléimi, Klém(i), Klumm(es)
Clementinew. V. och Mentin, Klëmm(i)
Corneillem. V. Cornelius och Cornel, Kornel, Nil(ly)‚ Nilles, Knelli
Cornelm. V. Corneille och Kornel, Nil(ly)
Corneliaw. V. och Nel, Nelly
Colasm. V. Var. fir Nicolas, Nikolaus
Constantm. V. och Koos, Kostan
Dammim. V. Var. fir Damian, Damien, och Dam(i)
Dani(-y), Dannim. V. Dim. fir Daniel
w. V. Dim. fir Danielle
Deffm. V. fir Adolf, Adolph(e) och Dëff, Doff
Déidrechm. V. Dietrich
Déiz, Ditzm. V. Var. fir Théodor(e)
Dëll(es)m. V. Adolf, Adolph(e)
Delphinew. V. Var. fir Adolfin(e)
Dëmm(i), Dëmmesm. V. Dim. fir Dominik, Dominique
Dickesm. V. Var. fir Benedikt
Dillesm. V. Var. fir Ägidius
Dimm, Dëmm, Dëmmi, Dëmmesm. V. Var. fir Dominik, Dominique
Dippm. V. Var. fir Dominik, Dominique
Ditt, Ditz, Dittchenm. V. Var. fir Théodor(e)
Ditti, Dittesw. V. Var. fir Margarete, Margréit(chen)
Ditzm. V. Var. fir Théodor(e) oder Dietrich
Doffm. V. Adolf, Adolph(e) och Deff, Dollef
Dollef, Doulef, Dolles, Dolli, Addi, Addo, Deffm. V. Adolf, Adolph(e) och Rudolf, Rud(d)i
Dollesm. V. Dollef, Adolf, Adolph(e)
Dommenek, Dëmm(i) Dëmmes, Dimm, Doames, Doam, Dipp, Minickm. V. Dominik, Dominique
Donatusm. V. och Donni, Donati
Donnim. V. Donatus, Adolf, Adolph(e), Dollef
Dorw. V. Dorothea och Doorchen, Doortchen
Dorim. V. Dim. fir Isidor
w. V. Dim. fir Dorothea
Dorotheaw. V. och Dor(ry)‚ Dora, Doll(y), Door(t)chen
Doulefm. V. Adolf, Adolph(e), Dollef
Dréckesm. V. Fredericus
Ed(i)m. V. Dim. fir Ed(o)uard, Edmund, Edmond och Edi
Edemm. V. Var. fir Adam och Ädem
Edgarm. V. Gari
Ed(o)uardm. V. och Ed(i), Eidchen, Eidi, Eiduar, Teddy
Eenjelw. V. Var. fir Angela, Angélique
Egidi, Ejid(i)m. V. Var. fir Ägidius
Eidemm. V. Var. fir Adam, Eidemchen
Éivw. V. Var. fir Eva, Eivchen, Éivi
Eijid(i)m. V. Egidi, Ägidius
Eleonorew. V. och Leonor, Lor(chen), Lori, Nell(i) .
Elisw. V. Elise, Elisabeth och Liss, Liiss, Lisebett
Elisabethw. V. Elise, Elis, Li(i)ss‚ Lis(e)bett, Ella, Elli och Betty
Emil(e)m. V. Mill(i), Mull(es)‚ Kuerzform Eem
Emiliew. V. Emmel, Emli, Milli, Mila, Milchen
Ëmli, Ëmmel(i), Ëmmelw. V. Emilie och Milli, Mila
Emmaw. V. och Emmi
Engel, Eengelw. V. Angela, Angélique
Ern(i), Ernym. V. Kuerzform fir Ernest
Ernestm. V. och Ern(i), Erny
Ernestinew. V. och Erna, Erni
Estim. V. Célestin och Zëll, August(e)
Ët(chen), Ët(es; -i)m. V. Dim. fir Etienne
Etienne, Ët(chen), Ët(es; -i)m. V. Stéphan(e), och Staff, Steff(en), Steffchen, Stiefen, Stiewen
Euchariusm. V. och Köres
Eugènem. V. Ujeen, Ujän, Usch, Jän, Jeni
Eugénie, Eugeniaw. V. Ujëni, Unni, Usch(i), Jeni
Eulaliaw. V. och Ulali
Euphrosynew. V. och Fro(o)si
Eustachiusm. V. och Staches, Staackes
Evaw. V. Éiv(chen), Éivi
ValtinValentin, Välten
FanniKuerzform fir Stéfanie och Josefin, Finn(chen), Finny
Fäipelm. V. lok. Var. fir Philippe
Väitm. V. Var. fir Veit
Vältenm. V. Valentin, Kuerzform Valli
Féck(es)m. V. Var. fir Victor och Vic, Véckes
Feelw. V. Var. fir Félicie
Féliciew. V. och Feel, Feeli
Felixm. V. och Fléx, Flix, Fix, Fixi, Feel
Fennm. V. Var. fir Valentin, Välten
Fenn(i)m. V. Var. fir Ferdinand, Fernand
Fënn(i), Fënzm. V. Var. fir Vinzenz och Vinz
w. V. Var. fir Stephanie
Ferdinand, Fernandm. V. och Ferd(chen), Ferdi, Fern(i), Fenn(i)
Fernandew. V. och Ferni, Ferna, Nande(-a)
Fëss, Feesm. V. lok. Var. fir Alphonse, Alfons
Philippem. V. Kuerzform Flëpp, lok. Var. och Fibbi, Fibbes, Fippi, Fips, Fäipel, Flipp‚ Philapp, Philepp‚ Lipp(i)
Philomène w. V. och Philo, Phili
Fibbi, Fibbesm. V. lok. Var. fir Philippe
Fillm. V. Kuerzform fir Theophile
Finn(i)w. V. Var. fir Josephine och Finnchen, Funn(i), Funnes
Fipp(i), Fippchen, Fipsm. V. lok. Var. fir Philippe
Firminm. V. och Firm(chen), Firmi
Fissm. V. Var. fir Friedrich
Flëppm. V. Kuerzform fir Philippe
Fléx, Flix, Fléxertm. V. Var. fir Félix
Flixm. V. Var. fir Félix och Fléx
Flora, Florew. V. och Flor(chen)‚ Flori
Florentin, Florianm. V. och Flor(i), Florchen
Florentinew. V. och Flor(i)‚ Florchen
Fonnim. V. Var. fir Alphonse, Alfons
Fons(i), Fontesm. V. Kuerzform fir Alphonse, Alfons
Fooss(i), Fossim. V. Kuerzform fir Alphonse, Alfons
Francinew. V. Franziska, Fränz
Francis, Françoism. V. Franz och Frank(ie)
Franzm. V. Francis, François och Frank(ie), Fras(si), Fraassi, Fros, Froossi. Fraassel, Frasel, Fränz, Fränzel, Fränz(el)chen‚ Fränzi, Fränzeli, Frän, Frin(ni), Frinz, Frunn(i), Frunnes, Frunsel, Frunzel
Franziskaw. V. och Fras, Fraassel, Frasel, Fränz, Fränz(chen), Fränz(el)chen, Frin(ni)‚ Frinz, Siska, Ziska, Françoise, Franci(ne)
Fränzelim. V. Dim. fir Franz
Fred(di), Freedm. V. Var. fir Alfred oder och Frédéric, Ferdinand, Fernand
Frell, Frällm. V. Var. fir Franz, och Frenn, Fränn
Fridderechm. V. Friederich, Frédéric och Fred, Freddy, Frid, Fri(i)dchen, Fritz(chen), Fruttes
Frid(d)chenm. V. Var. fir Alfred, Alfrède, Friederich
Frin(ni), Frinnes, Frinzm. V. Franz, François
w. V. Franziska
Fritzm. V. Var. fir Franz, Fridderech
Frunnesm. V. Var. fir Franz
Funniw. V. Var. fir Josephine och Funn(es), Funsel, Funzel
Ga(a)sper‚ Gaaschperm. V. Kasper
Gab(b)m. V. + w. V. Gabriel(le) och Gab(i), Gabbes, Gab(b)y
Garim. V. Var. fir Edgard
Gakes, Gakim. V. Var. fir Gaston
Gastonm. V. och Gast(i), Gascht, Gakes, Gak(i)
Gätt(chen), Gättiw. V. Var. fir Agatha, Agathe, och Jätti, Jätti
Gehan(es)m. V. Johannes, Jean och Jang, Jangeli, Jängi, Jäng(el‚ -chen)‚ Jann, Jänn(i), Haans, Hanes, Hannes, Häns, Hännes, Hänschen
Genovevaw. V. Wewa, Weefchen, Wewi
Georges, Jorschm. V. Georg(geli) och Gierg, Giärrjen, Gäerg, Gierd, Gierres, Gorri, Gurri, Jorscheli, Jorri, Jouer, Juri
Georgettew. V. och Jett(i), Jettchen
Gerardm. V. Gerhard och Gäerd, Gierd, Gierend, Jirrend, Girres, Jier, Jär(r), Jerra
Gertr(a)udw. V. och Gäerd, Traud(chen), Trudi, Gert(i), Giedchen
Giddim. V. Var. fir Ägidius
Giedchenw. V. Var. fir Gertr(a)ud och Gäerd
Giergm. V. Var. fir Georges
Gill(i)m. V. Wilhelm, Guillaume och Gilles, Gull(es), Will(es), Willi(-y)‚ Wull(es), Wulli, Wummes, Wëllem, Wimm(i)
Gillesm. V. Var. fir Ägidius, Wilhelm, Guillaume
Giselaw. V. och Sela
Gitt(a)w. V. Var. fir Brigitte, Margarete, Marguerite och Gritt(es), Gréit, Gigitt, Gitti
Gitt(es), Giddes, Giddim. V. Var. fir Ägidius
Gnatzm. V. Var. fir Ignaz
Godefroidm. V. och Guddi
Gorrim. V. Var. fir Georges
Gregorm. V. Grégoire och Giärrjen, Grég, Gré(n)gor, Gori, Grigor
Gréidel, Grid(d)el, Gréidiw. V. Gretel, Gréitchen, Gréidelchen, Gréideli, Gréit, Grutt(zel)
Gréitw. V. Var. fir Margarete, Marguerite, Grete, och Grit(t)‚ Gritti, Grikt, Ma(a)rgréit, Dim. Gréidel, Gréitchen, Ma(a)rgréitchen‚ Gritta, Gritt(chen), Gritti, Gigitt
Gréngorm. V. Var. fir Grégoire och Gregor
Guddim. V. Var. Godefroid
Guidom. V. Guy och Gag(g)es
Guillaumem. V. Wilhelm och Gilli, Will(i,-y), Bill(y)
Gunniw. V. Var. fir Kunnigunde och Kunn(i)
Gustm. V. Var. fir Gustav(e), August(e), Dim. Gusti(-y), Guss, Guguss
Guym. V. Guido. Dim. Giichen, Gag(g)es
Haansm. V. Hans, Var. fir Gehan(es)
Haansbärendm. V. Johann-Bernard
Haansdomeneck, Hänsdëmmim. V. Var. fir Johann-Dominick och Haanssonndeg
Haansjakm. V. Hansjakob, Jean-Jacques och Haansjekel, Haansjokel
Haansklosm. V. Johann-Nikolaus, Haansnéckel
Haansméchelm. V. Johann-Michel, Jean-Michel
Haansnéckelm. V. Johann-Nikolaus och Haansklos, Jannéckel
Haanspéiterm. V. Johann-Peter, Jean-Pierre och Ha(a)nspéit, -péitchen, -pitter, -pitt(chen), -pier, Gehaanspéiter, Hanepéip, -pipp, Jampier, Jamper, Jamp(i), Jämp(i), Jämper, Jäm‚ Jim, Jimmi, Jipp(i), Ämpi, Jampes, Jumpes
Haansuedemm. V. Hans-Adam
Haanswëllemm. V. Johann-Wilhelm
Hann(i), Hanéi, Hanesm. V. Var. fir Johann, Jean och Gehan(es), Jang
Hanéi, Haniw. V. Johanna, Jeanne och Han, Hannchen, Jänn(i)
Hanepéip, -pippm. V. Var. fir Haanspéiter, Hans
Hansm. V. Gehanes, Haans
Happesm. V. Var. fir Hubert
Harim. V. Heinrich, Henri och Heng
Haupertm. V. Hubert, Hoppert
Häänz, Heenzm. V. Var. fir Heng
Hänn(es), Hänneschen Hänni, Hänschenm. V. Johann och Gehanes, Haans, Jang, lok. Var. Hänzen, Heenzen
Häpm. V. Var. fir Hubert, Haupert
Heini, Heinerech, Heinzm. V. Var. fir Hary, Heng, Henri
Hëlenw. V. Helene, Dim. Helinchen, Kuerzform Hëll(i), Heli, Léin(chen), Léini, Lena, Leni, Lina, Linchen, och Helän, Hëlän
Hellebrandm. V. Hildebrang
Hengm. V. Var. fir Heinrich, Henri och Hari, Hengchen, Heinerech, Hurri, Huer(chen)‚ Heisch, Héngerchen, Hein(i)‚ Heinz, Häänz, Hing(i, -chen), Réckes, Rickes, Héin, Henz, Hän(i), Heen, Heni
Henrim. V. Heinrich och Heng
Henriettew. V. och Jett(i), Jettchen‚ R(i)etti‚ Riette, Henni
Hermes, Hiermes, Humm(es)m. V. Var. fir Jérôme
Hibb(es), Hibbim. V. Kuerzform fir Hubert, Haupert
Hilairem. V. Hilarius och Hilär
Hippm. V. Hubert, Hippolyt
Hippolytm. V. och Hipp(e)lit, Hipp, Polit, Po(u)lles, Poules, Pueles
Hitzm. V. Var. fir Hippolyt
Hoppertm. V. Var.fir Hubert, Haupert
Hortensew. V. Hortensie och Ortass, Ottass, Ottl, Ort(t)i
Hub(b)o, Hup(p)m. V. Var. fir Hugo
Hubertm. V. och Haupert, Hibbi, Hipp(i), Häip(chen), Häipi, Häipert, Häp, Heep, Hëppchen, Hoppert, Hubbes, Hupp(es), Huppert, Bäert, Bäert(em)es
Hugom. V. Hugues och Hub(b)o, Hup(p)
Huppm. V. Hub(b)o, Hugo
Ignazm. V. Kuerzform Na(t)z, Gnatz
Ikaw. V. lok. Var. fir Angela, Angélique
Inesw. V. Var. fir Agnès
Isim. V. Var. fir Isidor och Dores, Dori, Is, Iss, Uses
Irènew. V. och Rän(i), Reine
Iwwi, Iw(w)eliw. V. Dim. fir Yvonne
Yves, Yvonm. V. och Iff, Iw(w)o, Ubbes
Yvonnew. V. och Eif, Iff, Iwwi, Wonni
Jabbm. V. Jobb, Jacques
Jäbbchen, Jeebchenm. V. Dim. fir Jacques
Jabbom. V. lok. Var. fir Jakob, Jacques och fir Josef, Joseph oder Georges
Jacinthew. V. Hyazunth, lok. och J(h)assénk
Jacques, Jakm. V. Jakob och Jak(e1)1i, Jä(c)k, Jeek, J heki, Jek(e1)chen, Jok(es)‚ Jok(el)i‚ Japp(es)‚ Jäp(p), Jeep, Keeb, Kob(es) Kobus
Jakobm. V. Jacques, Jakob
Jakob-Heinrichm. V. Jakhari
Jannm. V. Var. fir Johann, Jean, Jang och Jan(ni), Jänn(i)‚ Jännchen, Jännes, Jones
Japp(es)m. V. Var. fir Jacques
Jäp, Jeepm. V. Var. fir Josef, Joseph, Jakob, Jacques och Jip, Jiipchen
Jätt(i), Jättchenw. V. Kuerzform fir Agatha(-e)‚ Ägätt
Jeanm. V. Johann, Jang
Jeannew. V. Johanna, Jänn(i)
Jéip(chen), Jéipim. V. Var. fir Josef, Joseph och Jäp, Jeep och Jacques, Jakob
Jekelm. V. Var. fir Jacques, Jakob och J(h)eek, Jäkel
Jéng, Jingm. V. lok. Var. fir Jean, Johann, Jang
Jérôme, Jeromm. V. och J (h)ërem, J (h)irem, Humm(es), Hermes, Hiermes
Jett(i), Jettchenw. V. Kuerzform fir Henriette och Jätt, Agatha(-e) oder Georgette
Jakm. V. Var. fir Jacques, Jakob
Jamperm. V. Var. fir Johann-Peter.
Jangm. V. Jean, Johann(es) och Gehanes, Jann, Han, Jäng(i), Jango, Jängel(chen)‚ Jängchen, Jangeli, Jangelchen, Jei, Jänn(i)
Jangbatt(s) -batti, och Batt(i)m. V. Johann Baptist, Jean-Baptiste och Jambatti, Jampëttis, Jämm(i)
Jangflëppm. V. Johann Philipp, Jean-Philippe
Jangfranz, -fränz, -frasm. V. Johann Franz, Jean-François
Jangharim. V. Johann Heinrich
Jangmättm. V. Johann Mathias
Jangnéckelm. V. Johann Nikolaus, Jean-Nicolas
Jangpéiter, Jamper, Jampierm. V. Johann Peter, Jean-Pierre och Jämp
Jampol, lok. Jampo, Jambo, Jumbom. V. Jean-Paul
Jann(i)w. V. Jeanne
Jämp(es), Jämpi, Jämm(i)m. V. Jamper, Jang
Jänm. V. Eugene, UJän
Jäng(el)m. V. Var. fir Jean, Jang, Johann
Jänn(i)m. V. Var. fir Jann
Jänn(i)w. V. Var. fir Jeanne, Johanna och Jän, Jeen
Jännfränzw. V. Johanna Franziska
Jeek, Jeki, Jekesm. V. Var. fir Jacques, Jakob, Jek(i), Jokes
Jeff, Jöff, Jéis. Jis(s)m. V. Kuerzform fir Josef, Joseph och Jäp, Jeep, Jéip, Jos(s), Jupp
Jéis, Jousw. V. Josefine, Dim. Jéischen, Jousi, Jousel
Jelinaw. V. Angela, Angelique, AnJel
Jeniw. V. Kuerzform fir Eugenie och Jeanne, Johanna, Jänn
Jert(i), Jebbesw. V. Gäert, Geriraud
Jësesm. V. Jesus
Jibb, Jibbesw. V. Gilbert(e)
Jidd(es), Jittes, Jill(es)m. V. Var. fir Ägidius och Egidi, EJidi, Gitt
Jin(a), Jiniw. V. Kuerzform, fir Virginie, Georgine
Jinn(i)w. V. Virginie
Jipp(es), Jippim. V. Kuerzform fir Josef, Joseph, och Jeff, Jabb, Jabbo, Japp
Jir(end)m. V. Gerhard och Jierend, Jerr
Jir(r)emm. V. Jérôme
Jissm. V. Var. fir Josef, Joseph och Jeff
Jok, Jok(el)im. V. Var. fir Jacques, Jakob, Jokel
Jor(r)i, Jouri, Jurim. V. Var. fir Georges, Jorsch, Jotti
Jorschm. V. Georges, Dim. Jorscheli
Josm. V. Var. fir Josef, Joseph, och Jousef, Jousep, Jusep, Jeff, Jiff(i), Juff, Jäp, Jeep, Jéip(i), Jéip(chen)‚ J(h)ipp(i), J(h)ippes, Jis(s), Jéis, Jéisi, Jéisefchen, Jéisepchen, Josi, Joseli, Jous(eléi), Jo(u)st, Jupp(es), Joup, Sepp(i)
Jousw. V. Var. fir Josephine och Joss, Jéis, Jo(u)seli, Jousel(chen), Fifin, Fin(a), Finchen, Funn(i), Nini, Sefa
Jullm. V. Julius, Jul(l)es
w. V. Julia, Julie
Jur(r)im. V. Var. Georges och Jor(r)i
Justm. V. + w. V. Var. fir Justin(e)
Justin(e)m. V. + w. V. och Just
Jiebchenm. V. Dim. fir Jabb, Jobb
Jillesm. V. Ägidius
Jimm. V. Johann Peter, Jean-Pierre, och Jämp
Jipp(i)m. V. Kuerzform fir Joss, Josef, Joseph
Jittiw. V. Kuerzform fir Agatha(-e)
Jobbm. V. Jabb, Dim. Jiebchen
Jodokesm. V. och Jouscht
Johann(es)m. V. Jean, Jang, Haans, Hennes
Jokel, Jokobm. V. Var. fir Jacques, Jakob
Jonm. V. Var. fir Simeon
Joseph, Josefm. V. och Joss
Jouschtm. V. och Jodokus, Jost
Jousepm. V. Var. fir Josef, Joseph, Joss
Julesm. V. Julius och Jull(chen), Jill(chen), Jilli, Jillchen
Julles, Jullesm. V. lok. Var. fir Jules
Julie, Juliettew. V. Julia, Jull(i), Jullchen
Juppm. V. Var. fir Josef, Joseph och Juppes, Juppi
Justin(e)m. V. + w. V. Justin(e) och Just,
Kamillm. V. Camille och Kamm(es)
w. V. Kamilla
Karolinw. V. Caroline, Karoline och Karlin, Krëlin, Kräll, Linn
Karelin, Karolin, Karlinw. V. Caroline, Karoline
Kasparm. V. Ga(a)sper, Kasch(i)
Kat(i)w. V. Katharina, Catherine, Var.: Katräin, Katréng, Katrin(g)
Katräin, Katréng, Katrin(g)w. V. Katharina, Catherine, och Kat(i), Katisch, Kätt(i), Ketti (-y)‚ Karin, Katrinchen, Trin(ny), Kätteréng
Kätt(i), Kättchen, Kättréngw. V. Katharina, Catherine, och Ketti (-y), Katrin
Keebm. V. Var. fir Jacques, Jakob och Kob
Kënnw. V. Var. fir Maria oder Margréi(tchen)
Kin(a), Kin(n)yw. V. Var. fir Maria, Margréit(chen)
Klara, Klärchenw. V. Claire, Klär, Clairette, Klier, Kléier(chen)
Klees(chen)m. V. Kuerzform fir Nicolas, Nikolaus och Klos
Klëmang, Kléimangm. V. + w. V. Clement, Clemence och Klëm(i), Kléimi, Klumm(es)‚ Klamantes
Klosm. V. Kuerzforrn fir Nicolas, Nikolaus och Klas, Klees(chen)
Kob(es), Kobusm. V. Var. fir Jacques, Jakob
Konertm. V. Conrad, Konrad och Kon, Konrod
Kos(i)m. V. Var. fir Constant
Kun(n)i, Gunni, Gonn(i)w. V. Kuerzform fir Kunigunde
Lambert, Lambertes, Lampertm. V. Lambertus
Lampertm. V. Lambert, Lambertus
Lauk(es)m. V. Luc, Lukas och Lukes
Laz(z)eiw. V. Lucie, Luzia, och Lazi, Lussi, Zei
Läipchenm. V. Léopold och Poldi, Lipong Lee
Leem. V. Var. fir Léo
Léim. V. Var. fir Léo
Léin(i), Léinéi, Linn, Linchen, Léinchenw. V. Hélène och Lunes, Lunnes, Hëlen, Magdalena, Leonore, Caroline, Kräll
Léinertm. V. Leonhard och Léngert
Leis, Leiséi, Leisiw. V. Kuerzform fir Elisabeth, E1is(e), Mreileis (Marie-Elisabeth), Aneleis
Léisi, Lousim. V. Kuerzform fir Aloyse, Alluis
Léngertm. V. Léinert, Leonhard
Léo, Leo, Léonm. V. Var.: Lä, Lee, Léi(chen)‚Léio, Léngel, Lëll, Loll, Lu, Lull
Léoniew. V. Leonie och Lon(n)i, Lell, Lëll
Léontinew. V. och Tin(a)
Lex(i)m. V. Alexander
Liffm. V. Kuerzform fir Olivier, Oliver, Olli
Lilissw. V. Var. fir Elisabeth, Elis(e)
Lill, Lilian(n), Liljan(n)w. V. Liliane
Linaw. V.: Caroline och Carola, Linn Pauline och Linn, Hélène
Linchen, Linnw. V. Var. fir Hélène, Helene, Lina
Linnw. V. Lina, Linchen, Var. fir Madeleine
Lintchenw. V. Léin, Dim. Léinchen
Lis(s)w. V. Elisabeth och Elis(e), Lisa, Lisi, Liséi, Léiséi, Liseléi, Lissbett, Lis(e)bett, Lissbettchen
Lis(s)chenw. V. Dim. fir Lis(s), Elisabeth, Elis(e)
Liselott(e)w. V. Elisabeth-Charlotte
Lise(be)ttw. V. Elisabeth
Livi, Liwwim. V. Var. fir Olivier, Oliver, Olli
Logensm. V. Var. fir Eligius
Loism. V. Var. fir Aloyse, Alluis
Lollm. V. Var. fir Léo, Léon
Lorenz, Luerenzm. V. och Lori
Lori, Laure, Lauri, Loorchenw. V. Laura
Lorim. V. Lorenz, Laurent
Lottchenw. V. Charlotte och Lotti
Lottiw. V. Kuerzform fir Charlotte och Lottchen
Lounes, Lunnesw. V. Kuerzform fir Hëlen och Léin
Lucienm. V. Luzian, Luss och Lutz
Luim. V. Louis, Ludwig och Lëll, Loll, Lull, Lu(lu), Luuchen, Eligius och Logens, Lij(h)i, Aloysius och Leisi
Louism. V. Ludwig, Lui
Louisew. V. Luis(e) och Luiss, Lusi
Lukasm. V. Luc och Lauk(e)s, Licki, Licksen, Luks
Luksm. V. Var. fir Luc, Lukas och Lauk(e)s
Lunnesw. V. och Léin
Lusiw. V. Lucie, Louise
Lussm. V. Luzian, Lucien och Lutz
Luss(i), Luciew. V. Luzia och Laz(z)éi
Luziaw. V. Lucie och Laz(z)éi, Luss, Zei
Maalchenw. V. Amalia, Amalie, Amélie och Malichen, Mäli, Meli
Ma(a)rgréit(chen), Ma(a)r(e)ritt(chen), Margriekt, Moargritt(chen)w. V. Marguerite, Margarete och Gréit, Gitt(i), Gréidel, Gréit, Gréido, Griddo, Gritt(i), Gréidel, Gréit, Gréido, Griddo, Gritt(i), Groudel, Maggi, Margi, Ditti‚ Kënn, Kin(a), Kin(n)y
Maargréit(chen)w. V. lok. Var.: Mu(er)gréitchen
Madeleinew. V. Magdalena och Madlän, Madlën, Madlin(chen), Madlini, Madléin(i), Madd(i), Maddel, Muedel(s)‚ Muedlën, Mued(e)léin‚ Muedeléng, Magda, Léini, Léines, Léin(chen)‚ Lena, Lounes, Lina, Linn(chen)
Mai(chen), Maichw. V. Var. fir Maria
Maisi, Maisyw. V. Var. fir Maria
Mallchenw. V. Amalia, Amalie, Amélie och Mäli
Man(n)ettew. V. Var. fir Antoinette, Antonia och Nett(i), Nettchen
Man(n)i, Man(n)um. V. Var. fir Emmanuel
Manon, Man(n)iw. V. Var. fir Maria
Marcelm. V. Marzellus och Mars, Max, Muerzel
Marcellew. V. Marzella, och Marceline(tte), Marssëlli
Margotw. V. Ma(a)rgritt
Margrittw. V. Margot och Ma(a)rgritt
Mariaw. V. och Ma(a)ria, Mar(r)i(chen), Mar(r)éi, Marres, Märres, Mariette, Marion, Mrei(chen), Mräch(en), Märri(chen), Märréchen, Märréi, Mai, Maich(en)‚ Mais(i), Maisy, Maisch, Mämm, Mi(a)‚ Miichen, Mimm(i), Mauss, Maus-chen, Reia, Ria, Kënn, Kin(a), Kin(n)y
Marie-Annew. V. Mariann, Mariännchen, Marjännchen, Marjänni, Mariannéi, Mariandel och Nanni
Maria-Elisabethw. V. Marilis, Märilis, Mreiléis
Marie-Jeannew. V. och Mari-J(h)änni, Marjänn(i), Märjännchen, Marie-Josée
Marie-Katerinw. V. och Marikättchen, Mräkätt, Mreikätt(chen)‚ Mareikätt
Marie-Louiseoch Marriluis, Marilu, Maréiluis, Malu, Märiluis
Mari-Madeleinew. V. och Mari-Madlän, Marie-Léin(i)
Marie-Margueritew. V. och Marri-Margritt, Mreigréit(chen)‚ Mreigritt, Marie-Marléin, Mariléini, Mreiléini
Marie-Jänniw. V. Marie-Jeanne, Maria-Johanna
Mariann(e)w. V. Marjänni, Marjännchen
Marjänn(i)w. V. Maria, Mariann(e), Maria-Jänni
Mark, Marcm. V. Markus och Ma(a)rks
Ma(a)rksm. V. Marc, Mark, Markus
Mars, Marssëlm. V. Marcel, Marzellus, Muerzel, Mars, Max
Marssëlm. V. Marcel, Marzellus, Muerzel, Mars, Max
Marsëlliw. V. Marcelle, Marzella
Martäinm. V. Martin, Mäerten
Marténgm. V. Martin, Mäerten
Martinm. V. och Mäerten, Mierten, Marténg
Maternusm. V. och Terren, Ter(r)ens
Matesm. V. Mathias, Mathäus och Maats, Maatchen, Matz, Matjas, Matei, Mattéi, Matteis, Mattes, Matti(s), Mattchen, Mattjen, Mattäi, Mätt, T(h)eis
Matillw. V. Mathilde och Tilli, Tillchen, Matilli
Mattäi, Mattäësm. V. Mathäus och Matteis, Mates, T(h)eis, T(h)éiwes
Matteism. V. Mathias, Mathäus och Mates T(h)eis, Mattäi, Mattéi
Matzm. V. Mathias, Mathäus
w. V. Mathilde och Tilli
Mauselw. V. Var. fir Maria, Dim. Mauseli
Mausi, Maussw. V. Var. fir Maria
Maxm. V. Marcel, Marzellus, Maximilian
w. V. Maximilienne
Maximilianm. V. och Max
Maximiliennew. V. och Max oder Li
Mäerten, Mäertesm. V. Martin och Mierten, Marténg
Mäl(l)iw. V. Amalia, Amalie, Amélie och Mëll(i), Maalchen
Mämmw. V. Var. fir Marianne, Maria
Männm. V. Kuerzform fir Romain och Männi
Märrechenw. V. Maria och Märri(chen)
Mätt(é)i, Mättes(chen), Mättchen, Mätti(s), Mätzm. V. Mathias, Mathäus
Méchelm. V. Michel och Méchel(chen), Mécheli, Mauch, Mich, Misch(i), Mischéi, Mischel, Mitsch, Much(el), Muschel, Mesch, Mochel, Michi, Meik, Meikel, Mike
Mëlani, Melaniw. V. Melanie och Mëll, Mell(chen), Melli, Meli, Minni. Lan(n)i
Melchiorm. V. och Melcher, Mëllécher, Méilécher
Mëll, Mellw. V. Melanie och Mëlani
Mëll(i), Meliw. V. Amalia, Amalie, Amelie, och Mëlanie, Mäli
Mentinew. V. Kuerzform fir Clementine, Klëmi
Mi(a), Miichen Mim(m)iw. V. Kuerzform fir Maria
Michm. V. Var. fir Misch
Michèlew. V. Michaela, Micheline och Mischelin
Millm. V. Kuerzform fir Emil(e) och Milli, Milles, Mulles
Millaw. V. Kamilla oder Emilie
Milli. Mullesm. V. Kuerzform fir Emil(e) och Mill
Milliw. V. Kuerzform fir Emilie oder Melanie
Mim(m)iw. V. Maria oder Emilie
Min(a), Minni, Miinchenw. V. Wilhelmine
Minniw. V. Amalia, Amalie, Amélie oder Melanie
m. V. Edmond
Misch(i), Mischel, Méchelm. V. Var. fir Michel
Mich(e)linw. V. Micheline, Michèle
Mitschm. V. Var. fir Michel
Mittw. V. Kuerzform fir Mathilde oder Tilli
Mixm. V. Kuerzform fir Michel oder Marcel
Mizm. V. Kuerzform fir Maurice, Moritz
Monnesm. V. Var. fir Edmond
Moudertm. V. Muedert, Medardus, Mëss
Mräch(en), Mréch(en)w. V. Var. fir Maria
Mreiw. V. Var. fir Maria
Mreikätt, Mräkättw. V. Maria-Katharina
Mreiléinw. V. Maria-Magdalena, Mrei-Muedeléin
Mreiléis, Mreilis(s)w. V. Maria-Elisabeth
Mreilis, Mrälisw. V. Maria-Luise
Mrei-Muedeléinw. V. Maria-Magdalena
Muedeléinw. V. Magdalena
Muerdert, Moudertm. V. Medardus
Muerzelm. V. Var. fir Marcel, Marzellus, Mars, Max
Mullesm. V. Var. fir Emil(e)
Murrim. V. Var. fir Maurice, Moritz
w. V. Var. fir Marianne
Muschelm. V. Var. fir Michel, Méchel
Naardchenm. V. Var. fir Bernhard
Nann(i), Nannéi, Nannett, Nettchenw. V. Var. fir Anna + Marianne
Nardm. V. Bernhard och Nardchen
Nars, Narzm. V. Narziss
Nat, Natz, Nazm. V. Ignaz
Nat(t)ali, Natti, Nattchen, Nättchenw. V. Nathalie
Nazm. V. Ignaz
Néckelm. V. Nikolaus, Nicolas och Néckel(chen), Néck(e)la‚ Néckes, Nick, Nuck(es)‚ Klos, Klees, Neklos, Colas
Néckel(chen)m. V. Dim. Néckel
Nécksm. V. Néckes, Néckel, Nick(i)
Néisw. V. Agnes
Neklosm. V. Néckel, Niklos
Nel, Nell(a), Nell(i), Nellchenw. V. Petronella + Cornelia
Netti, Nettéi, Nettchenw. V. Var. fir Annette, Antoinette
Nick(i), Nickichen, Nick(e)la, Nickel(chen), Nicks, Nicom. V. Nikolaus, Nicolas och Néckel, Klos, Colas
Nicom. V. och Néckel
Nill(i), Nillesm. V. Var. fir Cornelius, Corneille
Nobb, Nobbes, Nobbim. V. Kuerzform fir Norbert
Nold(i)m. V. Var. fir Arnold och Noll
Nollm. V. Var. fir Arnold oder Norbert
Norbertm. V. Norri, Norres, Nobb(es), Nobbi
Nuckesm. V. Var. fir Nikolaus, Nicolas och Néckel
Odilw. V. Ottilia, Odile och Odeli, Otti, Ottil, Oudel, Oudil, Audel, Uddel, Uedel, Uli
Olivierm. V. Olivier och Liff, Livi, Olli
Ollim. V. Var. fir Olivier, Oliver och Liff, Livi
Oskarm. V. och Oss(i)
Ottiw. V. Var. fir Ottilia, Odile och Oudel, Audel
Oudelw. V. Var. fir Ottilia, Odile och Odil, Uddel
Palm. V. Var. fir Paul och Pol
Paulm. V. och Paulchen, Pauli, Pal, Paalchen, Päli, Péil(chen), Pol, Poolchen, Poli, Poul, Pulles, Pulli
Paulaw. V. Pauline och Pol(a), Poolchen, Polin, Plinn, Plunni, Péil(chen)
Paulesm. V. Var fir Paulus
Péil(chen)m. V. Var. fir Paul och Pol, Poul
w. V. Var. fir Paula, Pauline och Pola
Péip, Péipéi, Péipim. V. Var. Peter, Pierre och Péiter
Péitchenm. V. Dim. fir Péiter och Peter, Pierre
Péiterm. V. Peter, Pierre och Péiterchen, Péitri, Péit, Péitchen, Péiti, Piäerchen, Pik(t)chen, Pi, Pier, Pir, Piirchen, Piri, Pirel(é)i‚ Pur, Pures, Purri, Pitt(chen), Pitter(chen), Pitt, Pittchen, Pitz, Putt, Poutti, Putti, Puttes, Péip(i), Pipp, Pëp
Péitrus, Péitresm. V. Var. fir Petrus
Péizchenm. V. och Péitchen
Pëttchenm. V. och Péitchen
Petronellaw. V. och Nella, Nell(chen), Nelli
Pëtzm. V. Var. fir Pierre, Peter
Pierrem. V. och Péiter
Pik(t)chenm. V. Var. fir Pierre, Peter och Péiter
Pir, Pirel(é)i, Piirchenm. V. Var. fir Pierre, Peter
Pit(t), Pitti, Pittchen, Pitterm. V. och Péiter
Pittim. V. och Péiter
Plun(n), Plunnen, Plunnes, Plunni, Plunich, Ploniw. V. Var. fir Appolonia, och Abelchen, Äppel, Polin
Plo(i)m. V. Var. fir Paul och Poli, Poolchen
w. V. Var. fir Paula, Pauline och Polin‚ Paulette, Pola
Polim. V. Var. fir Paul och Pol, Poul, Pulles
Polinw. V. Pauline, Paulette
w. V. Appolonia och Plun(n)
Politm. V. Var. fir Hippolyt och Polles, Pueles
Pollesm. V. Var. fir Hippolyt och Polit, Pueles
Poulm. V. Var. fir Paul och Pol(i)
Poutm. V. Var. fir Peter, Pierre och Péiter
Prosperm. V. och Pros(s), Pros(s)i, Prësi
Pros(s)m. V. Var. fir Prosper
Quirinusm. V. och Grein, Quieréng, Queréng
Räin(i), Reinew. V. Var. fir Irène
Réckesm. V. Heinrich, Henri och Rickes
Regina, Réginew. V. och J(h)inn, Reej(h)i, Rejinnchen, Rejännchen, Rej(h)änn, Reesch, Reine, Rän
Reiaw. V. Var. fir Maria
Reine, Rän(i)w. V. Regina, Regine, Renée
Reinar(d)m. V. Reinhard
Reis-chenw. V. och Ros, Rous
Réiselw. V. Var. fir Rosali
Réiselchenw. V. Dim. fir Rosa, Rosalie, Thérèse
Réisiw. V. Ros, Rosa, Rous
Rëm, Rëmelchen, Rëljen, Rämm. V. Var. fir Raymond
Rëmi, Rëmchen, Rëmesm. V. Var. fir Raymond
Renertm. V. Var. fir Reinhard och Reinar(d)
Rëselchenw. V. och Ros, Rous
Resiw. V. Kuerzform fir Thérèse oder Rosa
Rickesm. V. Var. fir Heinrich, Henri och Réckes
Riett, Retti, Riettiw. V. Kuerzform fir Henriette, Mariette och Ria
Rika, Rikchenw. V. Kuerzform fir Henriette
Risch, Rischi, Rischarm. V. Kuerzform fir Richard och Rike, Dick, Dicky
Robb(i)m. V. Kuerzform fir Robert
Robertm. V. och Robb(i), Robbes, Robäerchen, Robertchen, Rëbchen. Bert(i), Bertchen, Bob, Bobbes, Bobbi, Bärend
Roger, Rüdigerm. V. och Rosch
Rolfm. V. och Rudd(i)
Ros, Rosaw. V. Rosa och Rose, Rous, Réischen, Réisi, Réiselchen, Rëselchen, Rosi
Rosaliw. V. Rosalie och Rosel(i), Roselchen, Rous, Rouselchen, Réisi, Réisel, Réiselchen
Roschm. V. Kuerzform fir Roger, Rüdiger och Roj(h)i
Rosel(i), Roselchenw. V. Rosali(e)
Rosiw. V. Rosali(e), Ros, Rous
Roukesm. V. Var. fir Rochus
Rudd(i), Rudi, Rudelim. V. Rudolf och Rolf, Dol(l)ef
Ruppertm. V. Ruprecht
Salliw. V. Var. fir Sarah
m. V. Var. fir Salomon
Salomonm. V. och Zalomong, Zalmong, Salli
Sannchen, Sanniw. V. Var. fir Susanna (-e)
Saraw. V. Sarah, Zara och Salli
Sann(i)w. V. Var. fir Susanna (-e)
Schaarlim. V. Charles, Charel och Charly, Scharel
Schakm. V. Jacques, Jakob
Scharel, Schareli, Schaarli, Schärelchen, Schorel, Schuerelm. V. Var. fir Charles, Charel och Charly, Scharel
Scheekm. V. Var. fir Jacques, Jakob
Sebastianm. V. och Sepp, Bastian
Sefaw. V. Var. fir Josephine och J(h)ous
Seffiw. V. Seraphine oder Josephine
Séis(i)w. V. Susanna (-e)
Sepp(i)m. V. Var. fir Josef, Joseph oder Sebastian
Serafinw. V. Seraphine och Sëffi
Serge, Zergem. V. Sergius
Settiw. V. Var. fir Susanna (-e)
Servaism. V. och Wati, Zerv, Zeff
Simejonm. V. Sim(e)on och Jon, Simmchen, Zimm(chen)
Simm(chen), Zimm(chen)m. V. Var. fir Simeon, Simejon
Sim(e)onm. V. och Simm(chen)
w. V. Simone
Siska, Ziskaw. V. Var. fir Franziska
Siss, Sisi, Sisschenw. V. Var. fir Susanna (-e)
Sophie, Sophiaw. V. och Soffi, Zoff(i)
Sous, Sousel(i)w. V. Var. fir Susanna (-e)
Staackesm. V. Var. fir Eustachius, och Staackes
Staffelm. V. Var. fir Christoph, Krëschtaff(el) och Stoffel
Stan(n)im. V. Stanislaus
Stäfenm. V. Steff
Stëfaniw. V. Stephanie och Steff(i), Fanni
Steffm. V. Kuerzform fir Stephan och Steffen, Steffchen, Stefen, Stäfen‚ Stiefen, Stiewen, Staff, Stiff, Etienne
w. V. Stephanie, Stëfani
Stëffelchenm. V. och Kréschtaff(el)
Stiefen, Stiewenm. V. Steff
Sunn(a)w. V. Var. fir Susanna (-e)
Susanna (-e)w. V. och Séisann, Séis, Séischen, Séisi, Siss(chen), Sisi, Sous(i), Susel, Suss, Susschen, Susett, Süsett, Setti, Susi, Sänn, Sann(chen), Sanni, Sunn(a)
Sylvesterm. V. Zilvester, Zill(i), Ziver
Sylview. V. Sylvia, Zilvi, Zilves
Teaw. V. Thea
Téim. V. Kuerzform fir Theophil(e)
Téidm. V. Theodor(e), Theophil(e) och Teddy, Téidor, Téides, Téidchen, Téidi, Téits, Téijo, Teo, Tittes, Titz, Tedd, Tidd, Tiddor, Tiddchen, Titti, Ditt, Dittchen, Ditz, Déitz, Detz, Dur, Teed(chen), Tudd, Tuttes
Téinchenm. V. Var. fir Anton
T(h)eism. V. Var. fir Mathias, Matthäus och Mates, Mätt, Matteis
T(h)éiwes, T(h)ewesm. V. Var. fir Mathäus, Mathias
Tëm, Tëmm(é)i, Tëmchenm. V. Thomas
Teom. V. Theodor(e), Theophil(e)
Tess(i)w. V. Thérèse
Theaw. V. Kuerzform fir Dorothea och Dor(a), Tea
Theodor(e), Theom. V. och Téid
Theophil(e)m. V. och Téi, Teo
Thérésew. V. och Tréis(chen), Tréisi, Tréiseli, Tess, Tessi
Thomasm. V. och Tom, Tommes, Tommi, Tëm(chen), Tëmmi
Tiddm. V. och Téid
Tim, Timotéim. V. Timotheus
Thimotéim. V. Timotheus och Tim
Tinaw. V. Kuerzform fir Clementine oder Christina
Tinn(chen), Tinnes, Tinnim. V. Var. fir Anton
w. V. Antoinette
Tism. V. Matteis
Tittesm. V. Téid, Téidel
Toinettew. V. Kuerzform fir Antoinette och Toin(n)i
Toll(i)m. V. Var. fir Anatol
Tom, Tommes, Tommim. V. Thomas
Ton(i), Toon(chen)m. V. Kuerzform fir Anton
Ton(i)w. V. Antonia
Toun(i), Toun(j)esm. V. Anton
Traud(chen), Traudiw. V. Var. fir Gertrud och Gäert‚ Gertr(a)ud
Tréis(chen)w. V. Thérèse
Tréiseli, Tréisiw. V. Thérèse och Tréis(chen)
Tréngw. V. Var. fir Katharina och Tréin
Tring, Trinn(i)w. V. Katharina och Katräin, Tréin
Trix, Trixiw. V. Béatrice
Tunn(chen), Tunnes, Tunnim. V. Var. fir Anton
Tunn, Tuna, Tonaw. V. Var. fir Antoinette, Antonia och Toinette
Tur(i)m. V. Var. fir Arthur
Ud(d)el, Uedelw. V. Odilie, Odil, Audil
Uedemm. V. Adam
Uj(h)än, Uj(h)eenm. V. Eugène och Usch, J(h)än, J(h)eni
Uj(h)elw. V. Ursula
Uj(h)ëniw. V. Eugénie och Unni, Usch(i), J(h)eni
Ulrech, Ul(l)im. V. Ulrich
Unniw. V. Kuerzform fir Eugénie, Uj(h)ëni
Urban, Urbéng, Urbanim. V. Urbain, Urban och Urbanéi, Urbanes, Urbes, Ubbes, Bani
Urschelw. V. Ursula
Uschm. V. Eugène, Uj(h)än
w. V. Eugénie, Uj(h)ëni
Usesm. V. Var. fir Isidor och Isi
Véronique, Veronikaw. V. och Vroni, Vrunni
Vic, Vicki, Vuckesm. V. Victor och Vickes, Vitt, Véck(es), Véckter, Féck(es)
w. V. Victoria och Victoire
Vinzm. V. Vinzenz och Fënz, Fënni
Virginie, Wirsch, Wischw. V. och J(h)inn(i)
Viviw. V. Yvonne
Vivi, Vivianew. V. och Wuwu
Vroni, Vrunniw. V. Var. fir Véronique, Veronika
Wall(i)m. V. Valerian
m. V. Valentin och Waltin, Välten
w. V. Valérie, Wallerie
Walleriew. V. Valérie och Wall(i)
Wallim. V. Valentin
w. V. Valérie
Walterm. V. och Waldi, Walti, Wälti, Gauthier
Waltinm. V. Valentin och Wall
Watim. V. Servatius, Servais, Zervas
Wëllemm. V. Wilhelm, Guillaume
Wenzel(er)m. V. Wenzelaus
Wewa, Wewi, Weefchenw. V. Genoveva
Wilhelminw. V. Wilhelmine och Mina, Minchen, Minni
Will(i), Wëllem, Wëmm, Wulles, Wimmm. V. Wilhelm
Will(i), Willibrordm. V. Brondes
Wimmm. V. och Will, Wilhelm, Guillaume
Winnes, Wunnesm. V. lok. Var. fir Aloyse
Wobbesm. V. och Fobbes, Bob, Bobes
Wulles, Wummesm V. och Will(i), Gill(i)
Wuwuw. V. Var. fir Viviane och Vivi
Zachm. V. Kuerzform fir Zacharias och Zachari, Zägges
Zaff, Zaffeli, Zawwim. V. Xavier, Zaverius och Xaff
Zaraw. V. Sarah
Zeiw. V. Var. fir Luzia
Zelestin(e)w. V. Célestine och Zelin(e), Zëll
m. V. Célestin och Zelin, Zëll
Zëll, Zelin(e)w. V. Céline, Célestine
m. V. Célestin
Zell, Zëll, Zëlles, Zëlli, Zëllchen, Zeel, Zelestinm. V. Célestin och Esti
Zelliw. V. Var. fir Marvelline, Zelestine
Zerfm. V. Servatius, Servais och Zerwa(s), Zerwat, Zerwatz, Zerwä, Wati
Zerschm. V. Serge
Zerwa(s)m. V. Servatius, Servais, och Wati, Zerf
Zëssil, Zëssw. V. Cäcilia
Zilwiw. V. Sylvie, Sylvia
Zippm. V. Cyprien
Zylvester, Zill, Zilverm. V. Sylvester
Dim. = Dimunitiv
m. V. = männleche Virnumm
w. V. = weibleche Virnumm
Var. = Variant
lok. Var. = lokal Variant

Eis Virnimm? (Lex Roth)

Wa mir et richteg huelen, da gëtt et am Fong „eiser“ Virnimm keng; déi Nimm, déi Lëtzebuergesch kléngen, dat sinn der elauter, déi vun aneren hierkommen, déi d'meescht aus Lëschten a Kalennere mat reliéisem Schlag geholl sinn.

Henri, Hari, Heng, Hein ass ëmmer deeselwechten Numm, grad ewéi Josephine, Finni, Finnchen. Well ower eise Virnumm e Stéck vun eiser offizieller, perséinlecher Identitéit ass, bestinn och Gesetz-Texter a Reglementer, wéi et beim „Uschreiwen“ domat ze dinn huet. Wa mir an enger Annonce vun engem „Joseph Muller“, dit/genannt „Jiss“ liesen, dann huet dat näischt mam offiziellen, dat heescht dem Gebuerts-Akt-Numm aus dem „Etat Civil“ ze dinn; op offizielle Pabeiere fanne mir dofir och ëmmer den Numm; deen um „Gebuertsschäin“ steet, an dee bei äis d'meescht franséischen Aschlag huet.

An der Zäit waren d'Virschrëfte fir d'Virnimm „op der Gemeng“ esou enk a stramm ewéi e Stréckels-Corsseli. Bestëmmten Nimm huet de Beamten einfach net ugeholl, well si net an senger „Lëscht“ waren... haut ass et an deem Sënn och um „Etat Civil“ méi labber.

Vläicht ass et net vu Muttwëll, wa mir an dësem klenge Bichelchen iwwer „eis“ Virnimm en Deel vun engem Artikel (an eis Sprooch gesat) iwwerhuelen, deen e Fachmann, den Här Georges Kiessel sengerzäit publizéiert huet; da weess jiddereen, wou hie mat de Reglementer iwwer dëst Gebitt drun ass... an och, datt et keng extra „Prime“ gëtt, wann een e Kand op „Lëtzebuergesch“ als Metti oder Ketti, aplaz Mathias oder Cathérine uschreiwe geet.

Wéi een et och hëlt: Typesch fir äis Lëtzebuerger ass et, datt mir praktesch keen „offiziellen“ Numm loosse wéi hien um Kalenner steet: d'meescht ginn si gekëppt (Mich, Frass, Heng, Gab, Lill, Kett) oder verbruet (Jusep, Änder, Nuckes, Jous, Gréitchen, Märri). Wann een dat mam Brauch an de Länner ronderëm vergläicht, da kënnt ee bal soen, et wier e Stéck vun eiser Identitéit... déi mir am Kulturjoer 1995 jo apaart wëllen ënnersträichen. Loosst mir ower net vergiessen, datt mir ewell virdrun en eegent Gesiicht haten, an och duerno nach sollen dofir suergen, dat ze behalen.

Virwuert

Eis Virnimm hunn op e sëlleche Manéiere mat eiser Sprooch ze dinn. Si gehéiere bei de Stack vun eiser Identitéit.

Beim Dicks begéine mir kéipweis „eiser“ Virnimm... am Rodange sengem „Renert“ fanne mir dës Stroph:

„Den Haans, de Jann, de Hennes, den Néckel, Nick a Klos - si koumen all mat Staangen, ersierklech war d'Geros.“

an d'Maus Ketti ass mat dem „Mimm aus Clausen“ e Stuel vun engem Beispill.

D'Actioun-Lëtzebuergesch seet hirem fréieren, dichtege Sekretär, dem Här Marcel LAMY Merci, datt hien äis seng fläisseg zesumme-gelammelt Collectioun fir dës Extra-Nummer gestallt huet.

National an international Gesetz-Bestëmmungen iwwer Virnimm

Wann een déi verschidden auslännesch Legislatiounen an d'Haapt-Reglementer aus de Länner vergläicht déi an der „Commission internationale de l'état civil“ zesumme schaffen, dann hëlt een anuecht, datt si zimlech déiselwecht sinn, apaart an deene Länner, déi sech fir de Fong un de franséische „Code civil“ halen, an dobäi ass och Lëtzebuerg.

Et soll awer ernimmt ginn, datt a verschidde vun dëse Länner keng extra Reglementatioun fir d'Virnimm besteet, mä datt d'Wiel vum Virnumm hei bei äis, grad ewéi an der Belsch, a Frankräich, Spuenien, Portugal reglementéiert ass. Iwwerall besteet awer ee Prinzip: e Virnumm däerf net lächerlech sinn, net schockéieren an net absurd, also „geckeg“ sinn.

E franséischt Gesetz vun 1803 huet an der Zäit d'Wiel an d'Ännere vun de Virnimm zimlech enk reglementéiert: Nëmmen Nimm aus deene verschidde „Kalenneren“, also praktesch nëmmen „Hellegen-Nimm“: dat war och fir Lëtzebuerg esou.

No an no ass dat Gereglementéiers awer méi gewierdegt ginn: plazeweis (Spuenien, Portugal) ass et nach net erlaabt, en „auslännesche“ Virnumm ze hunn, wann et deeselwechten och an der Sprooch vum Land gëtt... also gëtt et a Spuenien nach ëmmer kee „Paul“, well si de „Pablo“ hunn, och kee „John, Jean, Jang“ am Portugal, wou de „Joao“ d'Staang hält.

Et gëtt dacks en Ënnerscheed tëscht dem gesetzleche Virnumm (an den Akten, prénom légal) an deem Virnumm dee wierklech fir déi Persoun „bei de Leit“ gebraucht gëtt (prénom usuel): et kann z.B. e Mënsch „Jang“ genannt ginn, och wann op sengem Gebuerts-Schäin kee „Jean“ wäit a breet steet, mä Michel, Pierre, Ernest... da fanne mir vläicht an enger Doudes-Annonce eraus, datt den „dit Jang“ am Fong säin „offiziellen“ Numm ni gedroen huet, och wann an allen Akten an offizielle Schrëftstécker ëmmer Michel, Pierre oder Ernest gestan huet.

Wann een zwéin, dräi oder nach méi Virnimm am Gebuerts-Regëster stoen huet, gëllen déi zesummen als een eenzegen a stinn och dofir esou am Pass. Wat fir ee vun deenen 2 oder 3 elo de „Ruff-Numm“ (usuel) ass, do gëtt et as der Praxis verschidde Situatiounen a Gebuerts- oder aneren Akten: e steet op deer éischter Plaz, oder hien ass ënnerstrach... op jiddwer Fall ass d'Reglement an dësem Punkt éischter mat der Hand ewéi mam Lineal gezunn.

An alle Länner, déi an deer uewe genannter Commissioun sinn, mussen d'Virnimm obligatoresch am Gebuertsakt stoen, a si kënne méi spéit wéinst enger seriéiser Ursaach geännert ginn, z.B. wann een duerch säin/seng Virnimm zevill dacks mat anere Leit verwiesselt gëtt. A Frankräich besteet déi Méiglechkeet zënter 1955, an der Belsch zënter 1974, a bei äis vun 1982 un. Eng eventuell Demande dofir muss beim Justizminister gemaach ginn: d'Ursaache fir d'Demande mussen dran explizéiert sinn, an den „Arrêté“, dee geholl gëtt, kritt seng Wierkung eréischt dräi Méint nodeem en am „Mémorial“ publizéiert ginn ass.

Vläicht ass et net oninteressant, och nach e puer Wuert iwwer d'Virnimm ënnert dem Nazi Regime ze soen: 1940 hat „d'Verwaltungskommission“ den Uerder ginn, datt nëmme méi verpreisescht Virnimm fir neigebuer Kanner däerfen an den „Zivilstand“ kommen: duerno gouf ordonnéiert, datt all franséische Charakter a Klank aus dem „état civil“ misst verschwannen (Henri = Heinrich, René = Renatus, Roger = Rüdiger, Germaine = Hermine). Ouni extra Reglementer ass dat erëm nom Krich riichtgebéit ginn. D'Gesetz vun 1982 huet et och méiglech gemaach, datt déi Lëtzebuerger mat de verpreiseschten Nimm am Gebuertsakt, aus de Joren 1940-1944, hire gewielte Virnumm um Akt bäigeschriwwe kënne kréien: d'Verwaltungen hate längst op eise franséischsproochegen Akten aus dem „Johann“ e „Jean“ an aus dem „Magdalena“ e „Madeleine“gemaach... streng geholl also géint d'Gesetz, mä an der Praxis eng Saach vum gesonde Mënscheverstand!

Zugudderlescht sief nach gesot, datt ëmmer méi dacks lëtzebuergesch Kanner ewell mat engem „verlëtzebuergeschte“ Virnumm „op der Gemeng“ an de Gebuertsakt geschriwwe ginn... an anere Wierder ass et erlaabt, e Pitt, e Ben oder Jempi, e Ketti, e Liss, asw. direkt an héich offiziell an dee wichtegsten offiziellen Akt vum Liewen aschreiwen ze loossen... awer et ass net wouer (wéi esou dacks gemengt gëtt), datt een dofir eng Prime géif kréien.

De Fong aus dësem „Ophänkert Artikel“ ass aus dem Buch „Die Luxemburger und ihre Vornamen“ (Statec RTL-Editions, 1987), an deem mir och d'Geschicht a statistesch Opstellungen iwwer d'Virnimm hei am Land fannen.
Den Här Georges Kiessel, Auteur vun dem gesetzleche Gebitt an dësem Buch, huet déi frëndlech Erlaabnes fir eise Gebrauch ginn: den Här Kiessel ass Fachmann an der Famillje-Fuerschung a Sekretär vun der Gesellschaft fir Genealogie an Heraldik.