Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch a.s.b.l.

Politesch, reliéis, a philosophesch neutral - Gegrënnt 1971

Eng Vereenegung fir eiser Sprooch op all verstänneg Fassong ze hëllefen, an hir iwwerall do déi Rechter ze verschafen, déi si zegutt huet

Member ginn

Ënnerstëtzt eis Sprooch a gitt Member vun der Actioun Lëtzebuergesch!

- Iwwerweist 15€ op de Kont: CCPLLULL IBAN LU75 1111 0066 4448 0000
- Schéckt äis Är Postadress mat enger E-Mail: actioun@letzebuergesch.lu


21.06.2018 - Liesung mam Lex Roth a Karikature vum Carlo Schneider

Lex Roth

De Lex Roth feiert seng 85 Joer. Feiert mat him den 21. Juni um 19:30 Auer um CNL zu Miersch (2, rue Emmanuel Servais, L-7565 Mersch).

Weider Detailer: »Eng Grimmel poteren«

02.06.2018 - Eng Klack fir eis Sprooch

Nummer 242 - „Auf der Houscht“... Abeejo! | Eise Fändel | Kleng Portiounen | Halte nicht dick! | Kréischel! | Schwanger ... muss net sinn?

13.05.2018 - 4. Lidderfouer am Schlass zu Beefort

Beefort

D'Actioun Lëtzebuergesch ass de Sonnden, den 13. Mee op der 4. Lidderfouer nees mat engem eegene Stand vertrueden. Vergiesst net laanscht ze kommen!

Hei fannt Dir d'Detailer iwwer de Programm vun der 4. Lidderfouer am Schlass zu Beefort:

14.04.2018 - Generalversammlung 2018

De Comité vun der „Actioun Lëtzebuergesch“ invitéiert all seng Memberen op hir gewéinlech Generalversammlung an op hir aussergewéinlech Generalversammlung e Samschdeg, de 14. Abrëll 2018 um 15:00 Auer nomëttes zu Izeg -- 20, Conter Strooss (am Klouschter), wou mir zënter dem leschte Joer eise Sëtz hunn.

Déi Responsabel vun «Autisme Luxembourg a.s.b.l.» halen iwwer hir nei elektronesch Zeitung mam Numm «KONTERBONT», déi ganz op Lëtzebuergesch ass an deelweis vun Autiste gemaach gëtt, en Exposé.

06.03.2018 - Pressecommuniqué

Pressecommuniqué iwwer eis Roll an de Chamberwalen 2018

03.03.2018 - Eng Klack fir eis Sprooch

Nummer 239 - „Siwebierger Sächsesch“ | Lies- a Schreifmethoden | „Hinter der Kirch“ | All Guddes, Alain!

03.02.2018 - Eng Klack fir eis Sprooch

Nummer 238 - Hal de Bak! | Batschdeg! | Trappen* a bengelen* | E gudden Trick | En français, s'il vous plaît ... | Eng Sicki

14.01.2018 - Interview um 100,7

"Pabeier ass gedëlleg": https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/pabeier-ass-gedelleg

Interview 100,7

13.01.2018 - RTL Reportage

RTL Reportage iwwert eisen Neijoerspatt zu Izeg: http://www.rtl.lu/kultur/1119321.html

RTL Reportage