Actioun Lëtzebuergesch Eis Sprooch a.s.b.l.

Politesch, reliéis, a philosophesch neutral.

Eng Gesellschaft fir eiser Sprooch op jidfer verstänneg Fassong ze hëllefen, an hir iwwerall do déi Rechter ze verschafen, déi si zegutt huet.


Klickt hei fir äis är Meenung ze schreiwen
Posté par John Rossi

Le 24.12.11 à 11:21

Gudde Moien, hun eng Fro.
Wat bedeit genee "Gette" beim Ausdrock " an d'Gette goen"? Get et fir "Getten" vielleicht e franzéischen Ausdrock?
Merci fir är Äntwert.
JR
Posté par Maude

Le 24.11.11 à 21:57

Moien!Ech wunen ze Portugal awer ech sin ze Lëzebuerg gebueren.Ech hun also fun men geburt biss 10 joer ze Lëtzeberg gewunt an lo sinn et 4 joer gegangen an ech hun ganz fill lëtzebuergesch vergies.Ech well awer net dei sproch ganz vergiesen,wat soll ech mach fir dei sproch net ze vergiesen? Ech kan 7 sprochen mat lëtzeburgesch an et ass alles ganz komplieiert an mengem kapf...(ech kan gue net lëtzeburgesch schreiwen...)
Posté par Gritty Steinmetzer

Le 14.03.11 à 12:41

Gudde Moie Madame, Monsieur,

Meng Kolleeginn seet "ech hun dir 5 Euro zegutt" wa si mir 5 Euro soll erëmginn. Deen Ausdrock hunn ech esou nach ni gehéiert. Wat haalt Dir dovun? Mir si gespaant.

Gritty a Michèle
Posté par Nicole Gnad bestuedte Mousel

Le 20.12.10 à 22:35

Gudde Nowend. Ech sin begeeschtert vun deem waat Dir leescht. Ech hoffen ech kann Iech eng Fro stellen iwer des Sait resp. iwer des mail hei, meng auslännesch Frenn behaapten emmer Letzebuergesch ass dach een Dialekt, daat ass keng Sprooch! Meng Fro, hun se Recht, well ech behaapten emmer , et ass eng Sprooch!Hun ech Recht ?
Villmools Merci Nicole Mousel-Gnad
Posté par Ren

Le 18.11.10 à 22:34

Eng Fro :
Ee Stoff,dee fisemt, a wann et ganz bësse reent,da fiselt et! Oder ass et ëmgedréint? Oder ass "fisemen" datselwëcht wéi "fiselen"?